Educateur diplomé / gradué (m/w/nb) - Familljenbegleedung (Stad Lëtzebuerg)
🛡 岗位真实性核验
Ghost Job 检测🛡 申请链接 核验有效
信号由后台自动核验生成,仅供参考;判断权在你。设计案:GHOST-JOB-P1
♾️ 神经多样性友好
一般提及口径:本岗 JD 明文承认残障 / RQTH / 神经多样性友好(证据见下),对自闭症、ADHD、阅读障碍人群可用——欧洲法律禁止设「自闭症专属」岗位(法《劳动法》L.1132-1),这里不是「自闭症专属岗位」。
职位描述
NEW Educateur diplomé / gradué (M/W/NB) - Familljenbegleedung (Stad Lëtzebuerg)Mir siche fir eise Service Familljenbegleedung (Assistance familiale & Placement familial) an der Stad Lëtzebuerg en Educateur diplômé oder gradué (m/w/d) am CDI mat 32-40 Stonnen/Woch.Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d'Besoinen vu Kanner, Jugendlechen a Familljen.Deng Aufgaben:Du intervenéiers am Doheem vun de Familljen a Fleegefamilljen, fir Kanner, Elteren a Fleegeeltere mat enger pädagogescher Ënnerstëtzung a Schutzdynamik ze begleeden: • Eng individuell pädagogesch Begleedung fir Kanner a Jugendlecher assuréieren• Elteren a Fleegeelteren an der Ausübung vun hirer Eltereverantwortung ënnerstëtzen• Aktivitéiten an Ënnerstëtzungsmoossnamen ëmsetzen déi Autonomie, Sozialiséierung a Wuelbefanne vum Kand fërderen• Familljesituatioune observéieren an analyséieren• Un Teamréuniounen an Austauschsëtzunge mat externe Partner (Schoulen, sozial Servicer, asw) deelhuelen• Interventiounsrapporte a schrëftlech Dokumentatioun ausschaffenDäi Profil:• Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé oder gradué• Du hues minimum 5 Joer Beruffserfarung an engem änleche Posten• Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (weekend, soirée, coupé.)• Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch schwätzen (minimum C1), all aner Sprooch ass vu Virdeel• Du hues de Permis B an en AutoWat dech erwaart:• Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen• Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS• En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen• Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass• En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis:arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
公司 · Company
—
⚑ 岗位信息收录自公开招聘页(公开招聘平台),以雇主官网为准